Panda News 4/2026

Den neie Panda-News ass eraus!

 

Wollts du schonns ëmmer eng Kéier zu engem richtege Fuerscher oder enger Fuerscherin ginn a mat engem T-Rex ze dinn hunn? Oder hues du Loscht op superspannend Experimenter, déi mir der nach net verroden – dofir kanns du dech schnell umellen? Vläicht wëlls du och e Bléck hannert d'Kulisse vum Naturmusée geheien, an eisem Fossilielabo, a bei der Sich no richtege Mikrofossilien hëllefen?

 

Dës Aktivitéiten – a nach eng sëllegen anerer – fënns du an eisem neie Panda News. Buch direkt d'Aktivitéiten déi dech interesséieren op booking.mnhn.lu.