Trefft Naturalisten
D’Société des naturalistes luxembourgeois an den Naturmusée invitéieren, an Zesummenaarbecht mat weideren Organisatiounen, op eng nei Serie vu Videokonferenzen.
Ënnert dem Motto „Trefft d’Naturalisten“ presentéieren Expertinnen an Experten verschidden Aartegruppen a ginn Abléck an hir Aarbecht beim Beobachten a Bestëmmen. Vu Kiewerleken an Nuetspäiperleken iwwer Mamendéieren a Fësch bis bei Spannen a Vullen – et gëtt vill Interessantes ze entdecken.
D’Virträg daueren ongeféier 45 Minutten. Duerno ass Zäit fir Froen an en Austausch mat de Referentinnen a Referenten.
D’Virträg ginn op Lëtzebuergesch, Däitsch oder Englesch gehalen.
Programm
12.10.2026 um 20 Auer
D’Räich vun den Insekten: Vu Loftakrobate bis Buedembuddeler
Marie Daleiden & Stefan Ehl
16.11.2026 um 20 Auer
Pärele vun eise Gewässer: Eis heemesch Séisswaassermuschelen
Frankie Thielen
14.12.2026 um 20 Auer
Fëschsaurier an aner Fossilien: Zeie vun engem vergaangene Mier
Robert Weis
18.01.2027 um 20 Auer
Erausfuerderunge fir eis Waasserwelt: Fësch an hier Bedroung
Carole Molitor
15.02.2027 um 20 Auer
Ja, spinnen die denn? Die erstaunliche Vielfalt der Spinnen
Volker Hartmann
15.03.2027 um 20 Auer
D’Vullewelt am Wandel: Wou sinn eis Oppeland-Aarten?
Patrick Lorgé
Moderatioun: Simone Schneider & Thierry Helminger
Wéi kann een deelhuelen?
Fir live bei enger Videokonferenz dobäi ze sinn, muss ee sech fir all eenzel Virtrag separat umellen. No der Umeldung kritt een eng Confirmatioun per E-Mail mat allen Informatiounen zur Participatioun.
De komplette Programm als PDF (Pdf)
Organisatioun
D’Serie gëtt organiséiert vun der Société des naturalistes luxembourgeois an dem Naturmusée, an Zesummenaarbecht mat: